Update zu der Piste


05 August 2021

Léif Memberen, 

No enger konstruktiver Réunioun mat der Geméng steet elo fest, wei et genau mat der Piste virun geet. An enger éischter Phase geet et drëms, d'Piste konforme no den Dispositiounen vun Luxcontrol ze man. Gläichzäiteg léisst d'Gemeng Schëlder maan, déi déi verschidden Schwieregkeetsgraden vun den Pisten souwéi d'Pistenreegelen definéieren. Wann dat alles gemaach ass, kënnt Luxcontrol nach eemol fir d'Piste endgülteg ofzehuelen. Dono geet d'Piste, déi mir dëst Joer jo nach eemol komplett ëmgebaut hunn, fir den Publique op. Den Donwhillclub wäert awer 2 Deeg d'Woch d'Exklusivitéit op den Terrain hunn i.e. wärend dëse Plagen dierfen nëmmen Clubmemberen do fueren. 

Nodeems mir jo bal all eist Material geklaut kruten, géingen mir eis immens freeën wann Leit bereet wieren eis nächsten Méinden den 9. August ab 10.00h ze hëllefen, d'Piste rëm op Vordermann ze bréngen. 


Ären Downhillclub