ING Marathon: Mir brauchen deng Hëllef!!!!

Foto vun JP



11 March 2024

Salut Alleguer,

 
Säit elo schonn 8 Joer ass den DH&MTB Veräin Reckange/Mess aktiv beim ING Marathon am „Helferstaab" derbäi. Ausser dass déi Leit déi do bis elo ëmmer mat gemaach hunn vill Spaass, a Freed dodrun haten, hu si wesentlech dozou bäigedroen e bëssche Geld an Clubkees ze brengen, Geld waat ausschliisslech genotzt gëtt fir Piste zu Reckeng esou ze gestalten dass och DU däi Spaass do kanns hunn! Dofir op dëser Plaz nach emol e risege Merci un all déi Leit déi bis elo do gehollef hunn. Hei derbäi ass e Link wou dir iech och dëst Joer erëm kéint engagéieren, ech wier wierklech frou wann do och emol nei Nimm géingen opdauchen, well dir schafft do net ëmsoss, dir schafft fir de Veräin, an de Veräin dat si dir. Dir musst net Member sinn, dir kënnt och gären esou mathëllefen am Benevolat, dir wäert gesinn dass dat och Spaass ka maachen, well letztendlech huet en do  Kontakt mat der ganzer Welt, an do dernieft kënnt dir och nach är Sproochekenntnisser notzen, wat besonnesch fir Studenten interessant ass. Drot w.e.g är Zäite wou dir derbäi sidd och selwer an, Freides den 10 Mai geet et bis 20:00 Samsdes den 11 Mai geet et bis 19:00.
 
Wann s du déi Mail/SMS hei kritt hues, dann heescht dat dass du entweder am Veräi bass, vill Kontakt mat de Leit am Veräin hues, déi lescht Joren schonn derbäi waars, dëst Joer wëlls derbäi sinn, oder einfach nëmmen Pech hues mech ze kennen.
 
Jean-Paul
 
https://docs.google.com/spreadsheets/d/1m6yn-bKx_6JhiyntM1Rzed3L3VM8cav2q6IEvT3vWtc/edit