Wichteg Informatiounen zu der Memberskaart!
- D'Memberskaart kascht 35 Euro fir 1 Joer.
- Klick hei fir gewuer ze ginn, wéi eng Virdeeler dass du als Member hues!
- Fir eis Emwelt ze schützen, verschécken mir keng Memberskaarten méi. Soubal dir äer Cotisatioun bezuelt hudd, sidd dir automatesch Member!
- D'Notzen vun der Piste zu Reckeng op der Mess ass am Prinzip fir de Public erlaabt, ausser während Eventer an MTB- an Downhill-Coursen. Mir recommandéieren dofir, Member ze ginn.
- All Memberskaart as gülteg bis Enn Februar vum Joër drop, egal wéini se kaaf gouf.
- Memberen ënner 16 Joër mussen eng Erlaabnis vun hieren Elteren ranschecken. Déi néideg Informatiounen doriwer fannt Dir hei.
- All Member huet d'Pistereegelen ze berücksichtegen an Kenntnis vun de Statuten vum Club ze hunn.
- All Member ass géint eventuell Accidenter op der Piste versëchert.