10% op alles bei Andy Schleck Cycles!

Den Denis vun ASC (lénks) an den Sam vum Downhillreckange (riets)



21 May 2023

Léif Memberen, 

Als Member kritt dir 10% op alles am Shop (Vëloen INCLUS, Reparatoursaarbeschten EXCLUS) bei eisem Partner Andy Schleck Cycles. Fir vun dësem Deal profitéieren ze kënnen, musst dir am Geschäft är Memberskaart weisen, déi dir ënnert der Rubrik 'Rechnungen' an ärer Clubee-App fannt.  

Bei desem Deal geet et allerdéngs net just em % - no e puer Meetingen mat hinnen dest Joer steet fest, dass si ewéi mir d'Freeride Szeen zu Lëtzebuerg pushen wëllen. Dofir stocken si grad op mat Schoner (Récken-an Broschtschoner, Knéischoner etc.), Goggels, Integralhelmer, Hännschen, Jerseys an natierlech Vëloen iwwert 120 mm Fiederwee (e.g. Trek, Santa Cruz). Do dernieft hunn si qualifizéiert Mecanicienen, déi selwer an der Szeen dran sinn an iech am Freeride-Beraich top beroden kënnen. 

Mir hoffen iech mat dësem Partenariat en Ulaafpunkt zu Lëtzebuerg bidden ze kënnen, wou d'Besoinen vun der Freeride-Szeen versteet. 

Bei Froen stinn mer gär zur Verfügung! 

Ären Downhillreckange