Ausbau an Ëmbau vun eiser Pist zu Reckeng!

Ausbau vun der Pist zu Reckeng



25 February 2021

Du frees dech schonn op déi nei Saison, ma mir och!

Fir 2021, jonk an al, Ufänger a Profi dat beschten Erliefnes op eiser Pist ze bidden, si mir voll umgaangen nei Featuren ze bauen an déi bestoend ze iwwerschaffen. Wärend dem Ëmbau ass d'Pist bis op Weideres zou. Awer nëmme fir duerno jidderengem nach méi Spaass, Erausfuerderung a Sécherheet ze bidden.

Stay tuned! Mir halen iech wärend den Aarbechten um Lafenden!