Certifizéiert MTB-Guiden am Club!


09 March 2021

Léif Memberen, 
 
Mir si frou eise Memberen kënne matzedeelen, dass si vun elo un op insgesamt fënnef certifizéiert Guiden kënnen zeréck gräifen wann et drëm geet verschidden Techniken ze léieren oder awer se ze perfektionéieren. Zousätlech zu engem Member hun elo ganz rezent véier weider Memberen eng Formatioun vum SNJ op der Base nautique zu Lëltz als Animateur de VTT matgemaach . An zwee Weekenter hu si hei vu professionelle Leit geléiert, wéi een e MTB-Grupp richteg, a virun allem sëcher, op enger Sortie encadréiert. Och hunn si geléiert, wéi en déi verschidden Techniken wéi Biergop, Biergof fueren, Serpentine meechteren, richteg Bremsen, Wheely,  Manual etc. op eng spilleresch Aart a Weis engem MTB-Interesséierten beibrengt.

An dem Kontext wëlle mir Iech elo schon drop opmierksam maachen, dass eng éischt Sortie op de Stau mat engem Grupp vu maximal 10 Leit an der Planung ass! Halt also är Aen an Oueren op a mellt Iech direkt (leider nëmmen 10 Leit) wann dir béi dëser Sortie wëllt derbäi sinn, déi selbstverständlech de Moment op eiser Homepage annoncéiert gëtt!
 
Bis dann verbleiwe mir mat sportleche Gréiss,
 
 
De Comité