End of season session


10 September 2022

Den Downhillreckange an Kollaboratioun mat Ridelocal léisst d 'Saison mat enger uerdentlecher 'End of season session' op en Enn kommen. Fir d'Enduro-Fuerer organiséieren mer moies en flotten Tour iwwert den Schefflenger Bierg. Dono geet et zréck op den Trail op Reckeng wou eng Session an Contests nom Grillen stattfannen. Fir d'Gewenner vun den Contests get et Cash op d'Hand, een Grond méi laanschtzekommen! 
Detailléierten Oflaf: 
- 9h: Treffen beim Stadion Jean-Jacoby zu Scheffleng (sot eis Bescheed wann dir en Transport dohin braucht) 
- 11h: Retour op d'Piste zu Reckeng 
- 12.30h: BBQ (gratis fir MEMBEREN)
- 13.00h - 18.00h: Session & Contests 
- 18.00h: BBQ (gratis fir MEMBEREN)

Hei den Link fir op d'Facebook Event: https://www.facebook.com/events/662590321536839/?active_tab=discussion
Bis dann!