FIX-IT Atelier


13 January 2022

Op grouss Demande hinn hu mir decidéiert Couren unzebidden wou et drëm geet kleng Reparaturen un äerem Velo selwer kënnen ze realiséieren. Sou gi dir an dëse Couren zum Beispill geléiert wéi een e Platte fleckt, e Rad op Tubeless ëmbaut, eng Aachtchen zentréiert, eng Kette wiesselt, e Changement astellt, an Bremsen entlëft. Den Cours ass fir jiddereen - Member oder net- op an  natielech gratis! 
 
Deen 1. Workshop fënnt schon den 19. Januar vun 18.00h bis ca 20.00h statt an d'Thema wäert sinn, wéi een en Changement richteg astellt. 
 
Schéckt eis w.e.g. eng E-Mail ënnert molitor.jean-paul@education.lu wann dir bei desem Workshop wëllt derbai sinn. Déi éischt 5 déi sech mellen kréien d'Plaatz am Workshop (an kréien dorophin méi Infos per Mail)! Wann eng grouss Demande ass dann versichen mer, den Workshop en aneren Datum ze widderhuelen. Am Kader vum 1. Workshop kënnt dir eis gären bei ärer Umellung bescheed soen ob dir en Velo doheem hudd wou den Changemengt net gudd leeft. 
 
 
Mir hoffen Iech an eisem FIX-IT Atelier ze gesinn! 
 
Ären Downhillreckange