ING Marathon 2022 - Mir brauchen DECH!


06 March 2022

Léiwe Member,

Déi nei Saison fänkt lues awer sécher un an d'Sonn streckt och schonns hei an do seng Nues duerch d'Wolleken. Dat heescht fir eis all an den Club, datt mir de Wanterstëpps vu eis ofrëselen an dat neit Joer uginn!

Ee ganz wichteg Deel sinn do eis Partenariater, sou wéi d'Verdeelen vun den Dossarden wärend dem ING Night Marathon den 27. an 28. Mee.

Nieft enger heller Wull un Gadgeten, Iesse, Gedrénks an Spaass, ass dësen Partenariat immens wichteg fir en Deel vun den Käschten vum Club déi iwwert d'Joer ufalen ze decken.

Dofir brauchen mir sou vill wéi méiglech Leit fir den 27. oder 28. Mee d'Dossarden un d'Leefer vum ING Night Marathon ze verdeelen.

Du hues also lo Loscht beim gréissten Sportevent zu Lëtzebuerg eng Hand mat unzepaken?

Nice! Da mell dech op info@downhillreckange.lu

Prezisiounen iwwert Auerzäiten asw. ginn dir erkläert wann de dech ageschriwwen hues.