Mir brauchen deng Hëllef!!!!


11 August 2021

Salut Alleguer,

Wéi dir villäicht scho wësst si mir amgaang Sécherheetsmoossnamen wéi se vu Luxcontrol gefuerdert gi sinn op der Piste ëmzesetzen! An dem Kontext wiere mir vir all Hëllef déi mir kënne kréien immens dankbar, well wann dat alles realiséiert a kontrolléiert ass da geet Piste erëm op.

Wann s du also elo an der Vakanz doheem léis a net weess waats du de Moment solls machen, da komm op Reckeng an hëllef do mat anere Gläichgesënnten an enger flotter Atmosphäre an engem flotte Grill déi Aarbechten fäerdeg ze machen sou dass du och esou séier ewéi méiglech kanns op der Piste fueren! Mir sinn bis den Freiden 13. August do vun mueres 10 Auer un!