UPDATE


03 July 2021

Léif Memberen, 

Wéi dir wësst ass d'Piste zu Reckeng leider ëmmer nach zou. Dofir wëllen mir hei nach eemol erklären, wisou dat de Fall ass. 

D'Gemeng Reckange/Mess schafft grad eng Konventioun aus, déi wichteg Responsabilitéitsfroen kläert. Dëst ass enorm wichteg mee brauch leider och seng Zäit. Do dernieft mussen op der Piste och nach verschidden Sécherheetsmesuren en place gesat ginn (e.g. Schëlder déi den Schwieregkeetsgrad vun den verschiddenen Trails detailléieren) ier se erëm opgemaach kann ginn. 

Mir sinn eis bewosst, dass dëst Joer eng méi kuerz Saison wäert ginn mee loossen mer et positiv betruechten: Wann des Punkten all realiséiert sinn hunn mir et gepackt, eng offiziell, öffentlech Downhillstreck fir Grouss an Kléng zu Lëtzebuerg op d'Been ze setzen! 

Mir halen Iech mat weideren Updates um Lafenden. 


Aren Downhill&MTB Club Reckange/Mess