UPDATE zum Status vun der Piste


13 May 2021

Salut, 

Bis op eng kléng Verännerung beim Roadgap ass d'Piste fäerdeg gebaut. D'Piste ass awer am Moment leider weiderhin zou. Den Grond dofir ass, dass dat Ganzt elo eng Place Publique ass, an do verschidden Demarchen mussen agehalen ginn. Nodeems gëschter eng Entrevue mat der Gemeng an Luxcontrol op der Piste stattfonnt huet, ass den nächsten Schrëtt déi verschidden Schwieregkeetsgraden vun den Trails kloer auszeschëlderen - sou wéi een dat aus dem Bikepark/der Skipiste kennt. Och bleiwen nach verschidden Punkten mat der Gemeng ze klären. 

D'Decisioun, wéini d'Piste opgeet leit net beim Club mee bei der Gemeng an dofir kënnen mir fir de Moment net genau soen, wéini d'Piste rëm op ass. Mir probéieren, esou séier wei meigleg virun ze kommen mat dësen Demarchen! 

Mir halen Iech um Lafenden! 

Ären Comité