Wéi, wat, wou?


01 May 2021

An deenen leschten Wochen goufen mir vun enger ganzer Rei Memberen an och net Memberen ëmmer nees zu diversen Sujeten betreffend der Piste ugeschwat a befrot.

Déi divers Sujeten a Froen kann een eigentlech mat der Iwwerschrëft vun dëser Newsletter zesummefaassen.

Dofir loossen mir dir dës Newsletter zoukommen fir dech op de leschte Stand ze setzen.

Vun wou kommen mir? 

No etleche Joeren während deenen d‘Piste an Eege Regie opgebaut, gepflegt an genotzt gouf, goufen mir am September 2019 opgefuerdert all ons Constructiounen, d.h. alles wat mat Holz a Schrauwen oder Neel gebaut wor ofzerappen.

Den 28/09/2019 goufen dann an enger Hauruck-Aktioun all déi Holzelementer ofgerappt. Nach während deem déi lescht Stécker Holz am Faass gebrannt hunn an déi lescht Tréinen aus den Aen gewëscht waren, gouf schonn nees fläisseg mat den erlaabten Mëttelen versicht dat ze retten wat méiglech wor.

Quasi zäitgläich goufen Gespréicher mat den zoustännegen Autoritéiten (Gemeng, Fierschter,..) entaméiert, déi zur Folleg haten, dass mir Pläng erstallt hunn mat deenen d’Gemeng Reckeng, déi deem ganzen Projet ëmmer ganz positiv géintiwwer stoung, an nach ëmmer steet, Gespreicher mat dem zoustännege Ministère agoen konnt.

Den 02/03/20 huet dunn eng Visite des lieux mam zoustännege Ministère stattfonnt an et gouf e grondsätzlechen Accord fonnt fir op därer Platz, d.h. an der Zone Verte, ënner Anhalung vu gewësse Regelen, eng Downhillpiste weider dierfen ze bedreiwen.

Den 18 Juni 2020 huet d’Gemeng dunn eng Demande fir de Reprofilage vum Terrain beim Ministère agereecht.

Den 18/08/2020 koum dunn déi erfreelech Nouvelle dass d’Gemeng Reckeng gréng Luucht krut fir mat den Aarbechten duerfen lass ze leeën.

Aus dëser selwechter Autorisatioun geet och kloer eraus ervir dass de ganze Site als Place Publique ze betruechten ass an net exklusive enger Organisatioun oder Club zur Verfügung gestallt kann ginn. D.h. et ass net ons oder soss engem seng Piste mee jiddereen huet d’Recht déi Piste ze befueren.

Den 16/09/2020 haten mir dunn eng Entrevue mat der Gemeng wou divers Punkten gekläert a festgehalen goufen.

Enner anerem gouf festgehalen dass:

  • D’Gemeng den Bauhär ass, wat och aneschtes guer net méiglech wär.
  • Mir als Club der Gemeng als “Architekt” zur Säit stinn fir ze soen ewéi wat muss gebaut ginn.
  • Dass d’Gemeng en Entrepreneur zur Verfügung stellt fir d’Buedemaarbechten ze realiséieren.
  • Dass d’Gemeng sech dorëms këmmert dass deen fir d’Constructiounen néidegen Buedem zur Verfügung steet.- Dass den Fierschter dat néidegt Holz fir d’Constructiounen (natierlech ouni Schrauwen oder Neel) zur Verfügung stellt.
  • Dass ënner anerem d’Responsabilitéiten an enger Conventioun tëschent der Gemeng an onsem Club sollen festgehalen ginn.
  • Dass versicht géif ginn fir an der Ouschtervakanz d’Aarbechten duerchzeféieren
Den 23/02/2021 dunn gouf den Buedem geliwwert an et wor nawell e Kéipchen.

Den Ouschterdenschten dunn stoung de Bagger op der Piste an et konnt mat den Aarbechten lass goen.

Wat de Bagger net gepackt huet, an därer Aarbechten goufen et der nach ewell vill, gouf vun fläissegen Beien op der Hand erleedecht.

Déi verschidden Etappen kënnt dir souwuel op onser Webpage esou ewéi och op onsen Social Media Plattformen nokucken.

Un dëser Stell géifen mir jidderengem deen während deenen +/- 3 Wochen gehollef huet, Memberen an och net Memberen, nach emol e grousse Merci ausschwätzen.

#Ken#Sam#KimBäcker an all déi aaner, dir wësst wien dir sidd :)

Wou sinn mir elo drun? 

Aktuell sinn d’Aarbechten zu 95% ofgeschloss an et mussen nach divers Spréng “geshaped” an den Roadgap entschäerft ginn.

Kéng Angscht, de Roadgap wäert nach ëmmer eng Erausfuerderung bleiwen. :) 

Wéi geet et elo weider?

Aktuell ass d’Piste och nach net offiziell frei ginn an deemno kënnen mir als Club och nach kéng Trainigen/Stagen organiséieren.

Mir als Club kënnen a wëllen zum aktuellen Zäitpunkt och kéng Verantwortung iwwerhuelen falls engem vun onse Memberen eppes géif op der Piste zoustoussen. Dëst gëllt natierlech och fir net Memberen, fir déi de Club och ni Verantwortlech wäert sinn.

Aktuell hunn mir eng Entrevue beim Schäfferot ugefrot an därer dat weidert Virgoen esou ewéi och d’Detailer vun der Conventioun gekläert muss ginn. En Datum fir dës Sitzung ass nach net bekannt.


Wat ass de Fazit?

Mir hunn, mat der Hëllef vun diverse Memberen, Fräiwëlleger, Fierschter a Gemeng, esou ewéi mat onsem Noper, dem Nico Wester, senger Gedold, et fäerdeg bruecht eng Place Publique ze aménagéieren op déi mir all méi ewéi stolz kënnen sinn.

Aktuell kann dës awer nach net benotzt ginn well eben ënner anerem nach déi uewen opgezieltene Punkten musse gekläert ginn.

D’Piste ass den Moment nach offiziell zou an dierf soumadd net benotzt ginn.

Mir widderhuelen hei och nach emol ganz kloer dass mir als Club all Responsabilitéiten vun ons weisen fir de Fall dass engem bei der Notzung vun der Piste eppes géif zoustoussen.

Och wëssen mir net ob ons Assurance Club am Fall wou géif an dësem Moment opkommen.

Esoubal mir weider Detailer hunn wäerten mir dir dës iwwert ons Clubee App matdeelen. Dofir denk drun dir d’Clubee App op dengem Smartphone ze installéieren an se ze aktivéieren.

Stay tuned!

Däi Komitee