Workshop fir Velosreparaturen!


19 October 2021

Léif Memberen,
 
Op är Demande hin hu mir decidéiert Couren unzebidden wou et drëm geet kleng Reparaturen un äerem Velo selwer kënnen ze realiséieren. Sou gi dir an dëse Couren zum Beispill geléiert wéi een e Platte fleckt, e Rad op Tubeless ëmbaut, eng Aachtchen zentréiert, eng Kette wiesselt, e Changement astellt, an Bremsen entlëft. Den Cours ass exklusiv fir Memberen an natielech gratis! 
 
Deen 1. Workshop fënnt schon den 30. Oktober vun 18.00h bis ca 20.00h statt an d'Thema wäert sinn, wéi een en Changement richteg astellt. 
 
Schéckt eis w.e.g. eng E-Mail ënnert info@downhillreckange.lu wann dir bei desem Workshop wëllt derbai sinn. Déi éischt 5 déi sech mellen kréien d'Plaatz am Workshop (an kréien dorophin méi Infos per Mail)! Wann eng grouss Demande ass dann versichen mer, den Workshop en aneren Datum ze widderhuelen oder an Zukunft méi en groussen Atelier ze fannen. Am Kader vum 1. Workshop kënnt dir eis gären bei ärer Umellung bescheed soen ob dir en Velo doheem hudd wou den Changemengt net gudd leeft. 
 
 
Mir hoffen Iech an eisem FIX-IT Atelier ze gesinn! 
 
Ären Downhillreckange