Zousätzlech Pistereegelen

  • De Gebrauch vun der Piste ass am Prinzip fir de Public op, ausser während MTB- an Downhill Coursen souwéi Trail Sessions. Duerch hier Memberskaart sinn d'Memberen vum Club op der Piste verséchert.
 
  • D'Benotzen vun der Piste ass op eegen Gefor.
 
  • Jugendlecher ënnert 16 Joer ass d'Fueren op der Piste nëmmen erlaabt wann de Club am Virfeld eng ënnerschriwwen Autorisation parentale erhalen huet.
 
  • D'Befueren vum Roadgap an den zwee Doublen zum Schluss vun der Piste ass nëmmen Experten erlaabt!
 
  • Préif deng Ausrüstung virun all Befueren vun der Piste. Benotz en Vëlo deen an engem awandfräien Zoustand ass.
 
  • Beim Downhill fueren ass en Integralhelm Flicht. Beim Mountainbiken besteet och Helmflicht. Protegéier dech zudeem mat Broschtpanzer, Händschen, Gelenkschoner an de richtege Schong. Mir empfeelen zudeem en Geneckschutz ze benotzen.
 
  • Schätz deng Fäegkeeten richteg an! Trëppel d'Piste virun dem éischten Befueren eng Kéier zu Fouss of an maach bei der éischte Descente lues!
 
  •  Respektéier d'Natur. Looss keen Dreck oder soss Stecker leien an bleif op der Piste.
 
  • Stell sécher, datt d'Ofspärketten an der Mëtt vun der Piste richteg ubruecht ass, an d'Piste soumat fir Foussgänger kloer zou ass.

Schwieregkeetsgraden vun de Pisten & Pistereegelen