Mir si frou eise Memberen kënne matzedeelen, dass si vun elo un op insgesamt fënnef certifizéiert Guiden kënnen zeréck gräifen wann et drëm geet verschidden Techniken ze léieren oder awer se ze perfektionéieren. Zousätlech zu engem Member hun elo ganz rezent véier weider Memberen engFormatioun vum SNJ op der Base nautique zu Lëltz als Animateur de VTT matgemaach . An zwee Weekenter hu si hei vu professionelleLeit geléiert, wéi een e MTB-Grupp richteg, a virun allem sëcher, openger Sortie encadréiert. Och hunn si geléiert, wéi en déi verschidden Techniken wéi Biergop,Biergof fueren, Serpentine meechteren, richteg Bremsen, Wheely, Manual etc. op eng spilleresch Aart a Weis engem MTB-Interesséierten beibrengt.
An dem Kontext wëlle mir Iech elo schon drop opmierksam maachen, dasseng éischt Sortie op de Stau mat engem Grupp vu maximal 10 Leit an derPlanung ass! Halt also är Aen an Oueren op a mellt Iech direkt (leidernëmmen 10 Leit) wann dir béi dëser Sortie wëllt derbäi sinn, déiselbstverständlech de Moment op eiser Homepage annoncéiert gëtt!
ความคิดเห็น