Mir sinn e Grupp vu Leit déi eng Leidenschaft deelen: de Mountain Bike!
Mir wëllen Downhill a Mountain Bike fueren, zu Reckeng op der Mess, mä och soss iwwerall hei zu Lëtzebuerg an am Ausland. Dofir fannt dir eis och all gudden Dag op eiser Piste zu Reckeng oder op enger vun eise reegelméissege MTB-Touren an de verschiddene Regioune vum Land an iwwer d'Grenzen eraus!
Mir gesinn et als Aufgab vun eisem Veräin den Downhill- a MTB-Sport ze fërderen an ze erméiglechen. Zentral dozou ass d'Downhill- a MTB-Piste zu Reckeng op der Mess. Eng Haaptpiste mat Niewepisten erlaben et souwuel dem Ufänger wéi och dem Kënner säi Bols an d'Luucht ze dreiwen an sech ze verbesseren. Ofsäits vun eiser Piste fuere mir reegelméisseg MTB-Touren iwwerall zu Lëtzebuerg an am Ausland fir nei Singletrails an Erausfuerderungen ze entdecken.
Fir dat dobäi jiddereen sech amuséiert, suerge mir an Trainingen dofir, datt eis Memberen de Moutain Bike beherrschen. Dëst geet vun Basiskenntnisser déi néideg si fir sécher op engem Vëlo ze fueren bis hin zu usprochsvollem Sprangen an Tricken fir déi di wëllen.
Ofgeronnt gëtt eis Aktivitéit duerch verschidden Events wéi Reesen a professionell Bike Parken, Rennen, Geschecklechkeetsparcoursen, Astudéieren an Ausféiere vun Tricken, Virträg a Villes wat soss nach mat Downhill- a MTB-Fueren ze dinn huet
Mir sinn als Veräin net op Gewënn aus! Mir wëlle jidderengem deen interesséiert ass, eise Sport méi no bréngen. Dofir sëtze mir och verstäerkt op d'Jugendaarbecht andeems mir Coursë fir Ufänger oder Schoulklasse ubidden.